Aus der Sektioun

CSV Motioun fir d’Schafung vun enger Accueilstruktur fir de Précoce eestëmmeg vum Gemengerot ugeholl

Am Gemengerot vum 30. Mäerz 2022 hat d’CSV Fréiseng eng Motioun agereecht, fir an Zukunft eng Accueilstruktur fir d’Kanner am Précoce ze schafen. Bis elo gouf et keng esou Struktur, sou dass vill Elteren hir Kanner net konnten an de Précoce aschreiwen, eng Problematik déi och vun der Fréisenger Elterevereenegung APEF an engem Bréif un de Gemengerot op en neits thematiséiert gouf. Och wann eng kuerzfristeg ...

Weider liesen

Coronavirus – Verspéit Verdeelung vun de Masken an der Gemeng Fréiseng

Leschte Mëttwoch, de 15. Abrëll kruten d’Gemengen am Land e Circulaire vum Inneministère, dass se géife mat Maske beliwwert gi fir un hir Awunner ze verdeelen. Dës Maske goufen och Enn leschter Woch an eiser Gemeng ugeliwwert. Et wier also genuch Zäit gewiescht fir sech ze organiséieren a mat Hëllef vum Personal (Gemeng, Maison Relais, …) respektiv vu Fräiwëllegen (Veräiner, CGDIS, Gemengerot, ...

Weider liesen

Coronavirus – Gemeinsam fir eng beschtméiglech Ënnerstëtzung vun eisen Awunner

Eis Gesellschaft erlieft eng Situatioun wéi vill vun eis se bis elo nach net matgemaach hunn. Momentan kann nach kee genau viraussoe wéi dat Ganzt ausgeet a wéi déi Welt ausgesäit an där mer nom Ausgang vun dëser Pandemie liewe wäerten. Och eng Gemeng ass gefuerdert fir an dëser ongewinnter Situatioun hir Servicer sou wäit wéi nëmme méiglech ze garantéiere an d’Awunner beschtméiglech ze ënnerstëtzen. Fir eis als ...

Weider liesen

Generalversammlung vum 19. Mäerz annuléiert

Wéinst der aktueller Situatioun mam Coronavirus hu mer decidéiert eis Generalversammlung, déi sollt de 19. Mäerz um 19.30 am Centre Polyvalent zu Helleng stattfannen, ze annuléieren an op engem spéideren Datum nozehuelen. De Comité vun der Sektioun Gemeng Fréiseng

Weider liesen

En Ënnerstand fir de Kierfecht zu Uespelt

Den 23.10.2019 huet de Gemengerot de Projet vun engem Bëschkierfecht gestëmmt. Dëse Projet, bei deem och d’Gemengen Duelem, Munneref a Weiler mat maachen, gëtt och vun der CSV gedroen. Hei kënnen déi Leit, deenen hire Wonsch et ass, verstreet ze ginn, hier lëschte Rou fannen. Een Ënnerstand aus Holz soll deen néidege Schutz a würdege Kader bei enger Zeremonie bidden. An deem Kontext huet CSV drop higewisen, dat ...

Weider liesen

CSV Fréiseng ënnerstëtzt d’Resolutioun vum ausseruerdentlechen Nationalkongress vum 9.11.2019

Och eis Sektioun war op dësem ausseruerdentlechen Nationalkongress vertrueden. Mir droen den Text vun der Resolutioun, déi ugeholl ginn ass. Mir begréissen et ganz besonnesch, dat sech d’Idi an eise Reien duerchgesat huet, verstäerkt op Waasserstofftechnologie ze setzen. Elektromobilitéit kann nëmmen eng Etapp duerstellen, bis eng besser, komplett émissiounsfréi Technologie bereet ass. Des Weideren mussen ...

Weider liesen

Gemengerot vum 19.12.2018 : Stellungnahm vun der CSV Fréiseng zum Budget 2019

Här Buergermeeschter, Hutt Dir net geduecht, d‘Gemeng Fréiseng hätt am Lotto gewonnen, wou Dir d‘Circulaire vum Inneministere gelies hutt? Nach ni an der Geschicht vun der Gemeng Fréiseng, an der Gyberien-Zäit eng vun de Gemengen am Land mat de meeschte Scholden, war eis Finanzsituatioun sou gutt ewéi elo. Net dat mer keng Scholden hätten. Awer déi Schold ass bekanntlech géint Zënse déi klammen ofgeséchert, sou ...

Weider liesen